Dëse Sonnde 5. Mee um 17.00 Auer steet schonn déi véiert an eventuell decisiv Finall an der LBBL zu Ettelbréck an den Däichwisen um Programm.
 
No engem ganz haart erkämpften 3ten Match leschte Samschden zu Steesel dee mat 83 op 77 zu eise Gonschten ausgaange ass, steet et elo 2:1 an dëser Best of Five Serie an domadder hu mir elo deen 1. Matchball op Steeseler Säit!
 
Duerfir brauch déi ganz Ekipp vum Coach Daniel Brandão an der Sportshal Frankie Hansen är komplett Ënnerstëtzung!
 
Nëmmen mat ären 100 % u Support, lautstaarkem Ufeieren an Ënnerstëtzung wärend deene 4×10 Minutten ass dëse Sonnden Alles dran!
Elo ass et wou et awer definitiv zielt!!!
 
TOGETHER!!! BE LOUD!!! 
 
DRESSCODE FOR EVERYBODY: YELLOW-PURPLE!!!
 
Rendez-vous also dëse Sonnde 5. Mee um 17.00 Auer zu Ettelbréck an der Sportshal Frankie Hansen.
Kommt Alleguer op Ettelbréck…nëmmen zesumme geet et nach besser!!!
 
3………………..2……..………………1………..……………. STEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEESEL !!!!
 
Ps. Denkt och un d’Navetten déi vum Supporterclub en Place gesat ginn si mat Depart um 15.45 Auer nieft der Hal Alain Marchetti!
 
BE YELLOW!!! 
BE PURPLE !!! 
BE A YELLOW-PURPLE!!!
 

Gratis Bus