11/03/2025
D’Amicale Steesel an d’Sparta Bartreng haate leschte Sonndeg de Moien e Jugendarbitter Training organiséiert.
E grousse Shoutout un de Kilian an de Joe (béid Offiziell Enovos League Arbitter 💪) vun der AdABL déi sech Zäit geholl hunn fir déi 24 Kanner d’Grondlage vum Arbitter z’erklären, an hinnen d’Méiglechkeet ze gi fir eng praktesch Erfarung 🙏
Mir organiséieren nach eng Sessioun am September virun den Umeldunge fir d’C Arbitter Lizenz Coure mam AdABL. Spiller ab 14 Joer si berechtegt fir matzemaachen!
Mir hoffen dat vill zukünfteg Arbitter matmachen 💪🏀 a freeën eis si um Terrain fir d’U12 d’U10 Matcher bei eise Veräiner ze gesinn.