En “duebele Weekend” steet virun der Dir. Eis Häre kréie den 12/01 Besuch vun der Sparta an eis Dammen den 13/01 vun der Etzella.
 
D’Spiller vum Coach Etienne Louvrier sin a Moment op der 8. Platz an der Tabelle a wichteg wier et dëse Mëttwoch Punkten ze sammelen.
 
Eis Ladies leien op der Platz 5 vum Klassement a wëllen hirem neie Coach weisen waat si alles drop hun. Ufank der Woch ass bekannt gin, nodéems de Logan Draux säi Posten zur Verfügung gestallt huet, dass den Erny Gruskovjnak iwwerhëlt.
Den Erny ass am Dammebasket keen Onbekannten an hien wäert d’Ekipp richteg astellen an nei motivéieren. 
 
 
Wichteg:
Fir d’Zuschauer gëlle folgend Regelen fir d’Matcher :
– All Persoun, déi méi al wéi 12 Joer an 2 Méint ass, muss geimpft oder genesen sinn an en negativt Testresultat virweise kënnen (selwer matbruetenen Schnelltest op der Platz, PCR oder certifiéierten Schnelltest).
– All Persoun déi hir 3t Impfung kritt huet (Booster), ass vun der Testpflicht fräigestallt.
– Zousätzlech zum Impfzertifikat, freet d’Amicale Steesel en Identitéitsnoweis (carte d’identité, Pass, Führerschäin, Schülerkaart).
– All Persoun déi keen Impfzertifikat oder en Identitéitsnoweis präsentéiert, gëtt net zum Mätch zougelooss.
– Iessen a Gedrénks sinn am Kader vum Mätch ënnert dem Régime Covid Check erlaabt.