Den 2. Playoffmatch steet fir eis Damme schonns haut Freiden Owend um Programm. 

Sie mussen bei den Tabellenzweeten op Diddeleng wou et sécherlech keen einfache Match wäert gi mee wou eis Ladies alles wäerten gi fir mat engem positive Resultat nees zeréck op Steesel ze kommen.

Tip-Off Haut Freiden 1. Mäerz um 20h00 am Centre sportif René Hartmann zu Diddeleng!

No der Lännermatchpaus geet et bei eis Hären och nees monter virun, dat mam Topmatch fir de Kont vum 21. Spilldag. 

Sie kréie Besuch vum T71 Diddeleng wou d’Ekipp vum Coach Daniel Brandao sécherlech alles wäert dru setze fir dass d’Victoire zu Steesel bleift! 

Nom Match gëtt an der Buvette trotz allem zesumme gefeiert dat mat eiser Après Schi Party!

Tip-Off dëse Samschden 2. Mäerz um 20h00 zu Steesel an der Hal Alain Marchetti!

Kommt d’AMICALE STEESEL ufeieren… Sie brauchen är Ënnerstëtzung! 

Zesummen si mir staark!

3….2….1….STEESEL