Fir de Kont vum 3. Spilldag an de Playoffs vun den Dammen, kréien eis Ladies Besuch vun der Ekipp vu Wooltz.

D’Meedercher wäerte wei ëmmer nees alles ginn an sech hoffentlech dëse Weekend mat enger Victoire selwer belounen. 

‼️Opgepasst de Match ass dëse Samschden 09. Mäerz MOIES um 10h30 zu Steesel‼️

Bei eisen Häre steet den 22. Spilldag a dermadder och dee leschte Spilldag virun de Playoffs um Programm. D’Zil ass kloër…. mat enger weiderer Victoire an d’Playoffs!

Fir eis Hären ass an der Tabell alles kloer wou keen hinnen déi 1. Plaz méi kann ewech huelen. 

Sie spillen dëse Samschden 09. Mäerz um 20h00 zu Mamer!

ALLEZ STEESEL!!!