GAME 2 in the FINALS..

Muer um Mëttwoch steet deen zweete Match am Kader vun de Finals an der LBBL fir eis “Jungs” um Programm.

No enger ganz staarker kollektiver Leeschtung an enger gudder Defense hunn d’Jongen sech am éischte Match mat 82 op 72 op eegenem Terrain zu Steesel duerchgesat.

D’Etzella wäert sécherlech an eegener Hal eng Reaktioun weisen, mee mat enger gudder Konzentratioun an Teamplay wäerten di Steeseler Jongen alles dru setze fir och an dësem Match als Vainqueur vum Terrain ze goen.

Alleguer Zesummen…. och zu Ettelbréck. Kommt an d’Däichwisen eis Jonge kräfteg ufeieren! Als 6ten Mann brauchen si eis Alleguer niewent dem Terrain!!!  

Rendez-vous muer Mëttwoch 24. Abrëll um 20.30 Auer zu Ettelbréck am Hall sportif Frankie Hansen an den Däichwisen zu Ettelbréck.

LET’S GET YELLOW!!! LET’s GET PURPLE!!! LET’S GET LOUD…… LET’S GET LOUDER!!!