16/12/2025
De leschte Match vum Joer steet dann haut fir eis Hären un. Fir de Kont vum 12. Spilldag geet et haut um Dënschden nach eng Kéier erof an den déiwe Minett. Am Centre sportif zu Nidderkuer waarden ab 20h30 d’Kordall Steelers.
No enger gudder Virstellung virun 2 Deeg géint de Basket Esch hoffen d’Jongen ëm de Kapitän Noah Medeot nees déiselwecht Energie mat op den Terrain ze huelen.
E schwéiere Match ass den Owend ze erwaarden, wou mat voller Konzentratioun + Defense aguddem Teamplay sécherlech nees 2 weider Punkte fir d’Tabell dra sinn.
D’Amicale Steesel op Besuch bei de Kordall Steelers… haut den Owend ab 20h30 am Centre sportif zu Nidderkuer!
Kommt eis Jongen op hirem leschte Match vum Joer tatkräfteg ënnerstëtzen.
Let’s Go BOYS!
Let’s Go AMICALE!
Let’s Go STEESEL! 💜💛

