De 7. Spilldag an der LBBL Enovos League steet dëse Samschden op der Affiche.

Fir eis Dammen an eis Häre stinn zwee Heemmatcher an der Hal Alain Marchetti um Programm.

Um 18h30 hunn eis Ladies ëm d’Mikalya, d’Anna, d’Mandy a co. den AB Contern op Besuch.

Um 20h30 stinn eis Jongen dann der Sparta vu Bartreng géigeniwwer.

Zwee schwéier Matcher.. Zwee Matcher wou eis Ekippen nees är kräfteg Ënnerstëtzung brauchen!

Kommt e Samschden an d’Steeseler Hal !!!

Och Elo ass et…..wou et zielt !!!!

Allez Steesel!!! Allez Amicale!!! Allez Mauve-Giel!!!