Muer um Dënschden 3. Dezember steet d’Véirelsfinall an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg op der Affiche.
Eis Jonge mussen sech an d’Stad deplacéieren, méi genee an den “Tramsschapp” op de Lampertsbierg.
Hei heescht de Géigner Racing Lëtzebuerg an de Veräin aus der Nationale 2 geet mat engem 10 Punkte Virsprong an dës Partie.
Keng einfach Aufgab deemno an dësem “DO or DIE” Match, wou eis Jongen sech kënne fir d’Halleffinall qualifizéieren.
Kommt eis Jongen en Dënschden um 20h00 Auer op de Lampertsbierg ënnerstëtzen!
Alles an den “Tramsschapp”…… elo ass et wou et zielt!

LET’S GO YELLOW-PURPLE !!!
LET’S GO AMICALE !!!
LET’S GO STEEEESEL !!!