Am Kader vun der “Assemblée générale ordinaire” dëse Freiden de 05 Juli 2024 um 19:30 Auer am Kultursall um Campus scolaire zu Steesel, organiséiert d’Amicale Steesel e Public Viewing vun de Véirelsfinalle vun der Euro 2024 an der Buvette vun der Hal Alain Marchetti. 
 
Ab 17h45 Auer ass d’Buvette op an domadder och Fir Iessen a Gedrénks allerbeschtens gesuergt.
Um 18h00 Auer leeë mer lass mam Match Spuenien géint Däitschland. 
Nom Match fänkt eis Assemblée Générale ordinaire” am Kultursall un.
Um 21h00 Auer dann den Toppmatch Portugal géint Frankräich.
 
Kommt e Freide bis laanscht op ee flotte Public Viewing an der Buvette verbonne mat der Generalversammlung vum Steeseler Basket.
 
D’Amicale Steesel freet sech op äre Besuch!