!!! TOGETHER !!!

!!!WE NEED YOUR SUPPORT!!!

MEN SEMI FINAL GAME 1 

Crunchtime.. Elo ass et… wou et zielt!

Éischte Match an der Halleffinall vum Championnat och fir eis Hären an dat géint keen anere wéi eise Noper aus dem Uelzechtdall… dem Coupegewënner der Résidence Walfer.

En Uelzechtdallderby an der Halleffinall vun der LBBL… wat eng Affiche!!!

No engem ganz staarken drëtte Match deen eis Jonge mat 89 op 48 géint d’Sparta Bartreng gewonnen hunn, sinn d’Spiller ëm de Bobby Melcher, Jarvis Williams a co. prett fir dës BEST OF THREE SERIE!

Rendez-vous fir déi 1. Halleffinall vun eisen Hären dëse Samschde 6. Abrëll um 19h30 an der Hal Alain Marchetti zu Steesel!

Dresscode: Mauve-Giel!!!

Kommt eis STEESELER Jonge kräfteg ënnerstëtzen… WE NEED YOUR SUPPORT!!!

D’Buvette… De Coin du Vin… d’Huguetten an de Grill si wéi gewinnt do.. a wäerten Iech mat Iessen an Drénke beschtens versuergen!

ALLEZ AMICALE… ALLEZ STEESEL!!!

LET’S DO THIS !!!