05/09/2026
Léif Steeseler Supporter,
Samstes, de 5. September fënnt zu Steesel an der Hal nees den Mémorial Alain Marchetti statt.
E Mémorial fir dem Alain ze gedenken an sech unn déi schéin Momenter mat him zesummen ze arënneren.
Dëst Joer hunn mir 2 International Ekippen op Besuch.
Um 16h00 spillen eis Dammen géint d‘Spirou Basket aus der Belsch.
Um 18h00 dann ass et unn eisen Hären, si hunn d‘Rheinland Pfalz Panthers um Terrain géintiwwer stoen.
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt.
Den Entrée ass gratis.
D‘Amicale Steesel freet sech op äre Besuch.

