Samschdes de 7. September fënnt am Kader vun der Virbereedung op déi nei Saison 2024-2025 an der neier ” Enovos League” de Mémorial Alain Marchetti zu Steesel statt.
Mat 2 Topekippen aus Däitschland an aus Holland ass dëse Memorial ganz gutt besat.
 
Eis Damme spillen um 17h00 Auer géint d’Ekipp vu Saarlouis Royals aus der 1. Däitscher Bundesliga.
 
Um 19h00 spillen eis Häre géint LWD Basket Leuwaarden aus der 1. Hollännescher Liga.
 
Kommt bis laanscht op dëse flotte Basketsowend mat 2 Toppmatcher fir dem Alain Marchetti ze gedenken.
 
Fir Iessen an Drénken ass natierlech gutt gesuergt.
Den Entrée ass fräi.
 
Bei dëser Geleeënheet soe mir all eisen Donateure vun dësem Mémorial Villmools Merci fir är Ënnerstëtzung!
 
Mir freeën eis op äre Besuch.
 
3…..2…..1…… STEEEEESEL!!!