Let’s Play The 1/4 Finals 

Bei eisen Häre geet den Eescht vun der Saison elo sou richteg lass. 

D’Véierelsfinalle an der LBBL stinn um Programm a ginn an enger Serie BEST OF THREE gespillt!

De Géigner ass keen anere wéi de Coupefinalist d’Sparta vu Bartreng. 

D’Jonge vum Coach Daniel Brandao si prett fir sech direkt eng gutt Ausgangspositioun ze verschafen.

TipOff fir den 1. Match an dëser Serie ass dëse Samschden 23. Mäerz um 20h30 zu Steesel. 

Kommt eis Jongen ënnerstëtzen! Elo zielt et!

!!!Wei ëmmer ass zu Steesel fir d’Iessen an d’Gedrénks bei den Huguetten, am beim Coin du Vin, an der Buvette an dobausse beim Grill ganz gutt gesuergt!!!

ALLEZ STEESEL… Let’s do this!