Dëse Samschden ass et esou wäit! Nodeems sech eis Hären an zwee Matcher fir d’Finallen vum Lëtzebuerger Championnat qualifizéiert haten, spillen si elo e Samschden géint de Basket Esch.

Dat gëtt keng einfach Sach, wou mir jo wëssen, dass d’Ekipp ouni de verletzte Bobby Melcher muss auskommen. Op der anerer Säit hat d’Ekipp ëm den Trainer Etienne Louvrier méi laang Paus a konnt sech gutt op déi lescht Serie virbereeden. Gespillt gëtt am Modus best-of-5.

Tip Off ass um 20.00

Kommt all an d’Hal eis Ekipp ënnerstëtzen.
Virverkaaf ass dëse Freiden 14/04 vun 18.15-19.15 zu Steesel an der Hal.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

Let’s Go Yellow-Purple!