!!! TOGETHER !!!

CRUNCHTIME … Elo ass et… wou et zielt an dofir brauchen mir Iech Alleguer!!!

Dëse Samschde 6. Abrëll steet fir eis Dammen déi éischt Halleffinall am Championnat beim aktuelle Champion dem Gréngewald um Programm. 

Dës Matcher ginn an enger Serie BEST-OF-THREE gespillt.

No enger ganz däitlecher, verdéngter an iwwerzeegender Victoire um allerleschte Spilldag zu Konter hunn d’Meedercher vum Coach Erny Gruskovnjak de Sprong an d’Halleffinalle vun der LBBL gepackt. 

Elo gëllt et….. TOGETHER!!!! 

Rendez-vous dëse Samschde 6. Abrëll fir déi 1. Halleffinall géint de Gréngewald um 18h30 zu Ueweranwen am Centre sportif “Am Sand”.

Kommt eis Ladies uféieren!!!

!!! WE NEED YOUR SUPPORT !!!

Let’s GO LADIES!!!

YELLOW-PURPLE ALL THE WAY!!!