E Samschde 21. Februar steet schonn den 3. Spilldag an der zweeter Qualifikatiounsronn bei eisen Dammen um Rendez-vous.
Mat eng klorer Victoire leschte Freide géint de Basket Esch hunn eis Meedercher sécherlech  déi néideg Confiance an Energie getankt.
D’Missioun ass kloer mee net einfach…. 2 weider wichteg Punkten an der Tabell fir de Playoffs méi no ze kommen.
De Géigner, d’Meedercher vu Wooltz wäerten eise Ladies sécherlech kee Cadeau mat op Steesel bréngen an et gëllt fir d’Ekipp vum Paul Missavage mat voller Konzentratioun a Spillfreed de Match un ze goen.
Kommt eis Steeseler Damme fir deen sou wichteg Match ënnerstëtzen, si wäerten sech ganz sécher freeën.
 
Amicale Steesel géint Les Sangliers Wooltz.
Matchball ass um 18h30!
 
Eis Häre sinn dëse Weekend spillfräi, dëst wéinst de Qualifikatiounsmatcher vun eiser Nationalekipp.