Wärend eis Hären wéinst dem Lännermatch den 27. Februar am Championnat pausen, spillen Dammen hir Zwescheronn weider.
Eis Ladies kréien dëse Sonde Besuch vun der Etzella. D’Ekipp aus der Nordstad hat e wichtege Match géint den Tabellenéischten Diddeleng gewonn.

E Sonden ass fir eis Spillerinnen ëm d’Kapitänin Esmeralda Skrijelj e wichtege Match a voll Konzentratioun ass verlangt.

Sidd mat dobäi a kommt eis Ladies ënnerstëtzen.
Tip-Off ass e Sonden um 16:00 zu Steesel.