D’Amicale Steesel wënscht Iech Alles Guddes fir d’Joer 2024 an dat bei beschter Gesondheet! 

Mir fänken d’Joer och direkt mat dëser Info un:

E Samschden 20. Januar spillen eis Ladies am Gymnase vun der Coque an der 1/2 Finall géint de Gréngewald Hueschtert. 

Duerfir organiséiere mir en Dënschden den 9. Januar vun 19h00 bis 21h00 e Virverkaf zu Steesel an der Buvette vun der Hal Alain Marchetti.

De Präis vum Entréesticket ass 18,00 €

Enner 12 Joër gratis.

Kommt alleguer eis Ladies an d’Coque ënnerstëtzen!

Si brauchen eise Support!!!

 

3………2……….1………….STEESEL!

Yellow Purple All the Way!