⚡️Den éischten Highlight vun der Saison steet dëse Weekend virun der Dier. Eis Damme spillen an da Coque hier 1/2-Finall géint de Gréngewald. D’Ekipp well hei fir eng Iwwerraschung suergen, a riicht hei nach puer Wieder un hier Supporter:

Dammen Ekipp: “Léif Supporter, de Samschden ass et sou wäit vir eis Halleffinall an der Coupe. Mir géingen eis op all Ënnerstëtzung freeën an hoffen dass dir de Wee an d’Coque fannt vir ons an deem wichtege Match ze ënnerstëtzen an unzefeieren. Als 6. Mann si dir Deel vun eiser Ekipp a virun allem déi wou nach ëmmer un eis gegleeft hunn. Kommt alleguer an d’Coque datt mir vir een onvergiessleche Moment suergen!”🟣

📅 Samschdes den 20.Januar 2024
🕖18h00
📍Coque-Kirchberg