Dëse Samschde 27. Januar stinn déi éischt Heemmatcher am neie Joer bei zu Steesel um Programm.

Fir de Kont vum 15. Spilldag hunn eis Ladies d’Sparta vu Bartreng op Besuch. Um 18h30 probéieren d’Meedercher vum Coach Erny Gruskovnjak nees zeréck an d’Erfollegspuer ze fannen an domadder e weidere Schrëtt no uewen an der Tabell vun der LBBL ze maachen! 

Let’s Go Ladies!

No engem spillfräie Weekend fir eis Hären, kréien si et dëse Samschden um 20h30 mat de Kordall Steelers ze dinn. Um 17. Spilldag an der LBBL bei den Häre wäerten eis Jongen Alles drusetze fir dass d’Victoire zu Steesel bleift!

Let’s Go Männer!

Kommt e Samschden an d’Hal eis Steeseler Ekippen ufeieren! Sie brauchen eis Ënnerstëtzung! Fir den Duuscht an den Honger ass wéi ëmmer an eiser Buvette, an eisem Coin du Vin a bei eisen Huguetten gutt gesuergt! 

YOUTH CORNER

Eis Jugendekippe sinn dëse Weekend och nees mat vill Spaass a Freed um Dill, hei e kléngen Iwwerbléck wou a wéini dir si kënnt kucken an ufeiere goen…

Samschden 27/01

11h00 Minis          AMICALE – Hedgehogs Bascharage

13h30  Fillettes       AMICALE – T71 Dudelange B

15h00  Minis B        AMICALE – Rebound Préizerdaul

16h30  Scolaires         AMICALE – Hedgehogs Bascharage

Sonnden 28/01

15h00  Poussins B     AMICALE – AB Contern B

16h30  Poussins        AMICALE – T71 Dudelange B

18h00  Cadets          AMICALE – Basket Esch

Kommt och eis Jugend ufeieren an ënnerstëtzen, sie wäerten sech bestëmmt freeën!