Léif Supporter,

Wéinst Chantieren am Zentrum vu Steesel a bei der Hal Alain Marchetti wou nëmme ganz begrenzte Parkméiglechkeete bestinn, huet de Veräin zesumme mat der Gemeng fir e Samchden den 22.04. eng gratis Navette organiséiert fir Iech ouni Stress op de Basketmatch ze bréngen.

Depart: Ab 18:00 Auer fiert de Bus am 10 Minutten Takt
Bus Arrêt ‚Kennedy‘ 30, rue Kennedy an dann direkt bei d’Hal Alain Marchetti
 

Grouss Parkméiglechkeeten fannt Dir um Parking vun der Entreprise CEBI an der Rue Kennedy.

IMPORTANT: d’Oweskees ass e Samschdeg ab 18:00 Auer op.
Ab dann sin och de Grill an d’Buvette op.


Nom Match: éischten Depart bei der Hal Alain Marchetti géint 22:15 Auer mat Retour op den Bus Arrêt och am 10 Minutten Takt.

OPGEPASST
 !! D’Navette hällt dess Kéier net bei der Hal Norbert Melcher well do e Galaconcert vun der Musek ass.
Leschten Depart ass um 23:00 Auer.