Léif Supporter,

Wéinst Chantieren am Zentrum vu Steesel a bei der Hal Alain Marchetti wou nëmme ganz begrenzte Parkméiglechkeete bestinn, huet de Veräin zesumme mat der Gemeng fir e Samchden de 15.04. eng gratis Navette organiséiert fir Iech ouni Stress op de Basketmatch ze bréngen.

Depart: Bus Arrêt ‚Kennedy‘ 30, rue Kennedy mat engem Stop beim Centre de Loisirs Norbert Melcher an dann direkt bei d’Hal Alain Marchetti.

Grouss Parkméiglechkeeten fann Dir um Parking vun der Entreprise CEBI an der Rue Kennedy an och beim Centre Loisirs Norbert Melcher.

Ab 17:30 Auer fiert de Bus am 10 Minutten Takt.

IMPORTANT: d’Oweskees ass e Samschdeg ab 17:00 Auer op.
Ab dann sin och de Grill an d’Buvette op.


Nom Match: éischten Depart bei der Hal Alain Marchetti ëm 22:00 Auer mat Retour op den Bus Arrêt 30, rue J-F. Kennedy via de Centre de Loisirs, och am 10 Minutten Takt.
Leschten Depart ass um 23:00 Auer.