Dëse Weekend steet nieft dem Äppelfest och de 4. Spilldag an der Enovos League um Programm.
Eis 2 Seniorsekippe spillen alleguer dëse Samschden Owend.
 
Um 18h30 hunn d’Damme vum Coach Alain Schaeffer den AB Contern op Besuch an um 20h30 hunn d’Jonge vum Coach Darko Ristic de BBC Gréngewald Hueschtert an der Hal Alain Marchetti géintiwwer stoen.
 
D’Buvette, de Coin du Vin an eis Huguetten sinn natierlech wéi ëmmer och beschtens virbereet fir Iech léif Supporter mat Iessen an Gedrénks ze versuergen.
 
Kommt dëse Samschden an d’Hal a verbréngt e flotte Basketsowend.
 
Denkt drunn: 
Lëschte Weekend vum Steeseler Äppelfest…
Dëse Weekend ass déi läscht Geleeënheet fir frëschen Äppelviz, herrlechen Äppelbeigneten a guddem Gegrills um Steeseler Bierg ze genéissen. 
Kommt nach eng Keier Alleguer bei hoffentlech guddem Wieder dëse Samschden a Sonnden op de Steeseler Bierg dëst vun 10h00 bis 18h00 Auer.