Startschoss haut um Freideg 19. September 20h30……. da steet bei eisen Hären den 1. Spilldag an der neier Saison 2025-2026 an der LBBL Enovos League um Programm. 
 
D’Ekipp vum Coach Daniel Brandão an ëm de Kapitän Noah Medeot wëll direkt zum Optakt e kloert Zeeche setzen! 
 
Mir starten dann och den Owend mat engem Heemmatch a kréie Besuch aus dem Minett vum Opsteiger de Kordall Steelers.
 
Virun, an der Paus an och nom Match sidd dir an eiser Buvette, am Coin du Vin (haut och bei engem gudde Pättche Fiederwäissen) a bei eisen Huguetten wéi gewinnt nees gutt versuergt! 
 
Mat Iech Alleguer zesummen, léif Steeseler Supporter, freeë mer eis op eng flott nei Saison 2025-2026!!!!
 
 
 3……………..2…………….1……………… STEEEEEEEEEEEEESEL!!!!