06/03/2026
THE CRUNCH TIME STARTS NOW – BE LOUD. BE PROUD. BE AMICALE. BE YELLOW. BE PURPLE. BE STEEEEESEL!
E Samschde steet den 18. Spilldag an der LBBL Enovos League bei eisen Hären um Programm.
No der Lännermatchpaus geet et nees lass a mam Besuch vum frësch gebakenen Coupegewënner der Arantia Fiels, kënnt sécherlech en héich motivéierte Géigner op Steesel.
Um 20h30 heescht et fir eis Steeseler Jongen déi am Moment an engem super Laf sinn, mat voller Konzentratioun an de Match eran ze goen. D’Jongen ëm den Ashton Sherell, Alex Laurent a co hunn déi lescht 8 Matcher net méi verluer a mat dësem Elan a Motivatioun geet et sécherlech e Samschden och géint d’Arantia an de Match.
Elo geet et an d’Crunch Time.. Elo ass et wou et zielt!
D’Amicale Steesel géint d’Arantia aus der Fiels.
Dëse Samschde 7. Mäerz um 20h30 zu Steesel an der Hal Alain Marchetti
Kommt eis Jongen alleguerten ënnerstëtzen.
3………..2……………1. ……………… STEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEESEL!! !

