Haut um Samschde sinn eis 2 Ekippen nees am Asaz.

Um 19h30 spillen eis Ladies am Centre Atert géint d’Sparta Bartreng. Am Dammechampionnat fänkt haut déi 2. Ronn un, dat mat am ganzen nees 6 Matcher. Eis Damme sinn natierlech op Revanche aus an do leit hinnen de Centre Atert jo zimmlech gutt 🙂 Mir drécken hinnen d’Daume fir e gudden Optakt an déi zweete Ronn.

Eis Hären hunn nees en Heemmatch dat um 20h30 Auer. De Stater Racing kënnt op Besuch. D’Jongen si momentan an engem gudde Laf an do wëllen si den Owend och kloer weidermaache fir hir Plaz an der Tabell vun der LBBL ze bestätegen!