🏀 Virun der Allerhellgevakanz: Zwee wichteg Matcher fir eis Seniorsekippen!
De 7. Spilldag an der Enovos League steet virun der Dier!
Ier et an d’Allerhellgevakanz geet, waarden nach zwee interessant Matcher op eis Dammen an eis Hären.
💜 Eis Dammen – Haut um Freideg, den 30. Oktober!
Eis Dammen trieden haut um 18:30 Auer zu Diddeleng géint den T71 un.
Gespillt gëtt am Centre sportif René Hartmann.
Si wëllen zu Diddeleng eng engagéiert Leeschtung weisen a mat vill Energie a Kampfgeescht optrieden.
D’Ekipp ronderëm d’Jill Gloden, Kathryn Missavage a Brooke Flowers ass prett, alles um Terrain ze ginn a daer néideger Energie an de Match eran ze ginn, fir mat engem gudde Resultat nees op Steesel zereéck ze kommen. 🏀
💜 Eis Hären – Muer um Samschdeg, den 31. Oktober!
Muer steet fir eis Hären en Highlight um Programm: den traditionellen Uelzechtdall-Derby géint Walfer!
Um 20:00 Auer geet et an der Hall Omnisports Prince Henri zu Walfer géint eis Noperen.
Dësen Derby ass ëmmer eppes Besonnesches: vill Kampf, Emotiounen, Intensitéit an natierlech dat néidegt Feier an der Buud! 🔥 No hirem Erfolleg géint d’Musel Pikes wëllen eis Hären och zu Walfer eng gutt Leeschtung weisen a mat engem positive Resultat an d’Allerhellgevakanz goen.
💜 Léif Steeseler Supporter!
Mir zielen op Är Ënnerstëtzung, egal ob zu Diddeleng oder zu Walfer. All Support vun der Tribün aus zielt!
3… 2… 1… STEEEEESEL! 💜🏀

