Dëse Samschden 30. September steet schonn den 2. Spilldag an zugläich déi 1. Heemmatcher vun der neier Saison um Programm.
 
Mat zwou Victoiren am Réck wäerten eis Ladies an eis Häre sécherlech alles drusetze fir dass d’Punkten och dëse Weekend zu Steesel bleiwen.
 
De Fuerplang fir e Samschden:
Um 18h30 spillen eis Dammen an um 20h30 ass et dann un eisen Hären.
Alle béid hu Si d’Ekipp aus der Forge du Sud, den T71  Diddeleng op Besuch.
 
Kommt Alleguer an d’Steeseler Hal är Ekippen op hir éischt Heemmatcher ufeieren.
Mir freeën eis Iech an der Hal Alain Marchetti ze begréissen. 
 
D’Buvette, de Coin du Vin an eis Huguetten sinn natierlech och dës Saison nees voll am Asaz.