No enger klenger Wanterpaus am Championnat vun der LBBL, geet et fir eis Hären am neie Joer fir de Kont vum 15. Spilldag an engem Auswäertsmatch direkt géint e schwéiert Kaliber.

De Géigner an den Däichwisen ass nämlech keen anere wéi d’Etzella vun Ettelbréck.

No der Defaite an der Coupe 1/4 Final sinn eis Jongen ëm de Bobby Melcher, Jarvis Williams a Co. natierlech op d’ Revanche aus, an dofir brauchen si eis voll Ënnerstëtzung!

Rendez-vous dëse Sonnde 07. Januar 2024 um 17h15 zu Ettelbréck am Centre sportif du Deich.

Eis Ladies sinn dëse Weekend spillfräi!

ALLEZ MAUVE-GIEL!  ALLEZ STEEEEESEL!