No der staarker Performance vun eiser Ekipp vum leschte Mëttwoch steet et 1:1 an der Serie Best of 5.
Dëse Samschden huet eis Ekipp erëm Heemvirdeel. 
Mat der Ënnerstëtzung vu senge Supporteren wëllen d’Spiller ëm den Jarvis Williams ëm all Ball kämpfen fir de Match zu hire Gonschten ze dréien. 
 
Tip Off: 20.15

 
D’Oweskess ass ab 18.00 
Fir Iessen a Gedrënks ass gesuercht.
Opgepasst: Och dëse Samschden fiert erëm eng gratis Navette vum Bus Arrêt ‚Kennedy‘ (30, rue Kennedy)
Ab 18:00 Auer fiert de Bus am 10 Minutten Takt
 
Nom Match: éischten Depart bei der Hal Alain Marchetti géint 22:15 Auer mat Retour op den Bus Arrêt och am 10 Minutten Takt.
Leschten Depart ass um 23:00 Auer.
 
 
Let’s get loud!!!