Dest Joer huet de Basketclub
Grengewald Hostert een Frendschaftstournéier organisiert ennert dem Numm “Summerleague”.

Eis Filles Scolaires (U16) hun do an engem flotten Pool gespillt an zwar mat Sparta Bartreng, Black Frogs Schieren an Grengewald.

D’Matcher woren animéiert an et huet de Meedercher immens Spaass gemaach, an de Steeseler Faarwen erëm kennen ze spillen.

Resultater woren:

Sparta       49 – 67 Steesel
Schieren   14 – 134 Steesel
Grengew.  33 – 55 Steesel

De 4/07 gett nach eng kleng Finale géint de Grengewald gespillt.

Mir soen dem Grengewald merci fir die gudd Organisatioun an Initiative.

Merci och un Residence Walfer die mat 3 Spillerinnen eisen Kader verstaerkt hun.