Als kloeren Underdog as d’Steeseler Damenequipe an de Match géint Grengewald era gangen…an koum Haut la Main eraus
Den Ufank war zimlech hektesch a goung nach 19-14 un de Grengewald. Et huet een awer gemierkt dass vu Steeseler Seit eppes an der Loft houng dat huet sech schon eleng durch dat onkomplexeiert Spill vun de Youngsteren gewisen, déi sech de Ball ëmmer ërem gekropt hunn.
An der Halbzeit stoung et 39:42.
Eis Ladies koumen voll konzentriert aus de Kabinen an d’Resultat vum 3. Véierel war kloer op der Seit vu Steesel…sie hunn 24-3 gewonnen
an d Stand war 63-45.
Dono gouf et am véierte Véierel vun der Seit vum Grengewald nach e bessen Drock awer ouni eis Ladies aus dem Konzept ze brengen…all Steeseler Spillerinnen stoungen um Terrain!

Endresultat 68-93, méi kloer geht et net fir seng Ambitiounen ze weisen, och fir de Champion nach e Wierdchen mat ze schwetzen.

Eise Geigner as den T71!