No dësem Motto laude mir haut um Freiden Owend den Duebele Spilldag an der LBBL an. 
 
Eis Ladies sinn den Owend beim Gréngewald Hueschtert op Besuch an eis Häre spillen hire Match an den Ettelbrécker Däichwise géint d’Etzella.
Béid Matcher sinn op 20h30 Auer ugesat.
 
E Sonnden op Pappendag steet da schonn direkt de 4. Spilldag op der Affiche.
Um 17h00 Auer gëtt de Meedercher ëm hir Kapitänin Mikayla Ferenz hire Match zu Wolz ugepaff.
Um 17h30 Auer ass et dann un eisen Hären. 
Si spillen hire Match zu Steesel géint d’Mambra Mamer.
 
E gefëllte Programm… 
 
Kommt eis Steeseler Ekippen ënnerstëtzen!!!
 
YELLOW PURPLE ALL THE WAY !!!!!
 
3……….2…………1…..………….STEEEEEEEEEEEEEEEEEESEL