An der LBBL bei den Dammen spillen déi 8 bescht Ekippen an den nächste Wochen 1x géinteneen, ier d’Play-off-Serien ufänken. Eis Dammen fueren schonn um Freideg op Esch. Béid Ekippe sinn an der Tabell just duerch ee Punkt getrennt!
 
Let’s go Ladies. You can do it!
 
 
Den Härematch Amicale – Musel Pikes ass den Duell zwëschen dem 7. an dem 11. aus der Tabell, awer et ass och e Spill zwëschen zwou opstriewenden Ekippen, déi a leschter Zäit ganz gutt gespillt hunn. Mat engem Gewënn, kéinten eis Spiller ëm den Duo Jarvis/Dallas sech fir d’Play-offs qualifizéieren.
 
!! Oppassen !! Den Match ass um 18:00 Auer.
 
One team, One spirit!