Dëse Samschden 30. Mäerz sti fir eis Dammen an eis Häre sécherlech elo schonn déi zwee wichtegst Matcher vun der ganzer Saison um Rendez-vous.

DO OR DIE…. heescht et fir eis 2 Ekippen!

Eis Damme spillen um 18h30 zu Konter ëm déi 4ten Plaz an der Tabell an  domadder ëm d’Areeche vun der Halleffinall vun der LBBL.

Eis Häre spillen um 20h30 zu Steesel géint d’Sparta Bartréng deen 3ten an décisiven Match an der Véirelsfinall vum Championnat an domadder och ëm den Ticket fir d’Halleffinall!

Dir gesitt eis 2 Ekippe brauchen ALL eis Ënnerstëtzung vun den Tribünen!

Gidd eis d’Dammen op Konter a kommt duerno eis Hären op Steesel als 6ten Mann ufeieren!

Nëmmen ZESUMME si mer nach méi staark!

DRESSCODE fir dëse ganze Samschde: MAUVE-GIEL!

ALLEZ AMICALE…. ALLEZ STEESEL…. 

LET’S DO IT TOGETHER!!!!!