Haut den Owend steet de 4. Spilldag am 2ten Tour vun der Qualifikatioun am Championnat vun den Dammen un.
Eis Meedercher si momentan an engem gudde Laaf.
No zwou wichtegen an iwwerzeegende Victoirë géint de Basket Esch a Wolz hunn d’Ladies ëm d’Julie Mangen, Marie Stoffel a co sech sou richteg agespillt.
Mam Retour no Verletzung vun eisem wichtege Pilier der US Amerikanerin A’lexus Harrison ass d’Ekipp vum Coach Paul Missavage och nees komplett a ka mam vollen Effektiv optrieden.
Den Owend geet et op Conter.
Wichtege Rendez-Vous, Wichtege Match wou eis Ladies op är Ënnerstëtzung zielen.
AB Contern géint d’Amicale Steesel
 
Tipp Off um 18.30 zu Conter am Hall sportif “Um Ewent”
 
Alleeeeeeeez Steeeeeeeeeeeeeesel!