Den Thierry Kremer ass déi nächste Saison net méi Trainer vun eiser Dammenekipp.

D’Amicale trennt sech vum Thierry, dëst wéinst Onstëmmegkeeten tëschent de Spillerinnen an hirem Trainer ouni dofir seng sportlech Fäegkeeten a Fro ze stellen.

De Kommitee bedauert des Moossnam, mee am Interessi vum Veräin war et déi eenzeg Alternativ.

D’Amicale wënscht sech bis zum Schluss vun der Saison op eng weider gutt Zesummenaarbecht mam Thierry Kremer, wou de sportlechen Erfolleg am Virdergrond steet.