Den 11. Mäerz spillen ons Seniorsekippen aus der LBBL League hire leschte reguläre Match vun der Saison, ier et an d’Playoffs geet.

Souwuel ons Damen ewéi och ons Hären hu sech fir d’Playoffs qualifizéiert.

Fir ons ass dat e Grond ze feieren! An dat maache mir den 11. Mäerz an der Steeseler Hal Alain Marchetti, zesumme mat all onseren treien Supporteren a Sponsoren.

18:30 Amicale Steesel Dames vs Sangliers Wolz

20:30 Amicale Steesel Hommes vs T71 Diddeleng

Nom Härematch ass “fräi Nuecht” an d’Musek leet op den DJ MM.

Kommt all, a feiert mat eis bis an d’Nuecht eran! 

Yellow-Purple let’s rock the floor.