19/06/2026
Samschdeg, de 27. Juni 2026, fënnt an der Hall Omnisports Alain Marchetti zu Steesel e Charity-Basketballsmatch zugonschte vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner statt.
Um Programm steet e Galamatch an nach vill aner flott Animatiounen.
Eis Lëtzebuerger Härennationalekipp spillt géint eng Auswiel vun auslänneche Spiller, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn.
De komplette Benefice vun den Entréesbilljeeën, souwéi d’Recetten aus der Tombola an dem Verkaf vu Merchandise-Artikelen, ginn un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.
Fir d’Spectateure ginn et verschidden Animatiounen:
- Schéissconcoursen virum Match,
- e Concours fir Kanner nom éischte Véierel,
- e „Four-Shot Challenge“ an der Paus,
- an eng Tombolazéiung um Enn vum drëtte Véierel.
Nom Match ass eng offiziell Iwwerreechung vum Scheck virgesinn.
Fir déi musikalesch Ambiance wärend dem Match suergt de Sport DJ Mike Neuwinger bekannt aus der daitscher Basketball Bundesliga an der Trier Arena bei de Matcher vun de Gladiators Tréier.
Nom Ofpëff leet de beschtbekannten Lëtzebuerger DJ Bisi an der Buvette op.
D’Dieren ginn um 17:00 Auer op, de Match fänkt um 18:30 Auer un.
Präisser:
- 10 € fir eng Stehplaz
- 15 € fir eng Sëtzplaz op der Tribün
- ‼️Benotzt den Promocode STEINSEL fir eng Réductioun ‼️
Weider Informatiounen an Ticketen sinn iwwer Paytix ze fannen.
‼️Benotzt den Promocode STEINSEL fir eng Réductioun ‼️
De Catering (Buvette a Grill) gët vun der Amicale Steesel assuréiert.
Kommt op e flotten Benefiz Owend fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner.


