LET’S CELEBRATE THE CHAMPS TOGETHER!!!

Léif Supporter vun der Amicale Steesel,

De Schäffen a Gemengerot vun der Steeseler Gemeng huet déi grouss Éier an invitéiert Iech Alleguer ganz häerzlech dëse Mëttwoch 8. Mee um 19.00 Auer an de Centre de Loisirs “Norbert Melcher” op di grouss Éierung a Party vun der Amicale Steesel!!!

Eis Jongen hunn dëst Joer nees een excellenten Exploit realiséiert an net méi spéit wéi gëschter um Sonndeg kuerz virun 19.00 Auer war et vollbruecht! 

CHAMPION VU LËTZEBUERG 2023-2024!!!

Mir sinn Alleguerten immens houfreg op dësen Titel an daat muss natierlech anstänneg gefeiert ginn!!!

Mir ginn eis Alleguerte Rendez-vous dëse Mëttwoch den 8. Mee um 19.00 Auer am Centre de Loisirs Norbert Melcher fir de Champion mat der ganzer Ekipp, dem Trainerstaff an der ganzer Amicale’s Famill awer sou richteg gutt ze feieren!

Kommt Alleguer dohinner!!! Well elo zielt awer wierklech 🙂

Ganz nom Motto… LET’S CELEBRATE TOGETHER!!! LET’S PARTY TOGETHER!!!

CHAMPION VU LËTZEBUERG………………SCHALALALAAAAAAAAAAAAAAAAAAA!!!!!!!!