E Wuert vum Comité…
 
MERCI !!!
 
Et ass vill gesot ginn iwwert eis Jungs, déi dat super gemeeschtert hunn an eis mat dësem Championstitel 2023-2024 immens stolz gemaach hunn!!!

Fir datt dës Finalen sou ginn, wéi se waren….nämlech e grousst Fest…… wollte mir als Comité vun der Amicale Steesel emol all deenen déi hei intensiv matgeschafft hunn en immens immens grousse Merci soen.

  • Eis Déco Ekipp, déi d’Hal erëm an eng Mauve Giel Stëmmungs Arena verwandelt huet.
  • Eis Huguetten déi ëmmer um Dill ware fir iech di Bescht Cocktailen ze zerwéieren.
  • De Coin du Vin deen natierlech de beschte Wäin zerwéiert huet.
  • Eise Supporter Club deen onermiddlech am Asaz ass, a säit Joren en immens grousse Support fir de Steeseler Basket ass.
  • All di Leit déi net am Comité sinn an awer eng riseg grouss Hand mat ugepackt hunn, fir des Finalen zu engem grousse Fest ze maachen.
  • Der Gemeng Steesel, dem Här Buergermeeschter an dem Schäffen a Gemengerot, der Gemengeverwaltung, de Gemengenaarbechter an natierlech eis Portiere vun der Hal Alain Marchetti di en geniale Job gemaach hunn.

    Dir ALLEGUER maacht d’Amicale zu deem wat et ass a sidd och e groussen Deel vum Succès de mir als Verain hunn!

    An wat hunn eis Jongen um T-Shirt stoen???
TOGETHER !!!!
An genau dat ass d’Amicale Steesel!!! Eng ganz grouss Famill!!!
Mir gesinn eis den Owend ab 19.00 Auer am Centre de Loisirs Norbert Melcher an dat fir mat Iech… Léif Supporter vun der Amicale Steesel zesummen ze feieren! Alleguer zesummen… als grouss Famill!!!
E grousse Merci un Iech Alleguer… dee vu ganzem Häerze kënnt!!!