Haut op Fuesfreideg mussen eis zwou Seniorsekippen nees an den Asaz.

Um 20h00 Auer ass et un eisen Dammen. Si hunn den Owend de Basket Esch op Besuch. Mir si frou dass d’Ace Harrison nees fit ass an den Owend bei deem sou wichtege Match mat um Terrain steet.
Welcome back ACE!

Um 20h45 ass et dann un eisen Hären. Si spillen den Owend am Kader vum 17. Spilldag allerdéngs auswäerts, dëst beim Club aus der Forge du Sud dem T71 Diddeleng.
Am Centre sportif Hartmann heescht et mat voller Konzentratioun an guddem Teamplay an de Match ze starten.

Kommt eis zwou Ekippen ënnerstëtzen!

Let’s Go AMICALE!!!