Eis Damme souwéi eis Hären hunn dëse Weekend spillfräi.

Dofir steet fir eis Cadets awer ee ganz wichtege Rendez-vous um Programm deen et net heescht ze verpassen!

Si spillen an der 1/2 Finall vun der Coupe auswäerts géint d’Sparta vu Bartreng.

Kommt Alleguer am Dresscode MAUVE-GIEL dëse Sonndeg de 17. Mäerz um 15h30 op Bartreng an de Centre Atert!

Zesumme sti mir als 6ten Mann mat de Bouwen um Terrain!

ALLEZ STEESEL!!!

YELLOW-PURPLE ALL THE WAY!!!