Haut den Owend steet dann de leschten Heemmatch an zugläich och dee leschte Match fir dëst Joer bei eisen Dammen um Rendez-vous.
Eis Ladies kréien ab 19h30 Besuch vun de Musel Pikes.
Leschte Sonnden ass et zu Esch leider ëm e puer Punkten net duer gaangen, duerfir versichen d’Mädels ëm d’Captain Julie Mangen alles drun ze setze fir de Géignerinne vun der Musel d’Liewe schwéier ze maachen an d’Joer mat enger Victoire Doheem an eegener Hal ofzeschléissen.


Amicale Steesel géint d’Musel Pikes… haut den Owend an der Hal Alain Marchetti… Tip Off ass um 19h30.

D’Buvette ass wéi gewinnt op an als klénge Reminder… de Virverkaf fir d’Halleffinalle vun der Coupe start um 18h30.

Kommt eis Dammen op hirem leschte Championnatsmatch fir dëst Joer ënnerstëtzen!

Let’s Go LADIES!!!!

Let’s Go AMICALE!!!

Let’s Go STEESEL!!! 💜💛