Etzella Ettelbréck 🆚 Amicale Steesel – Sunday 17:30
 
BE LOUD. BE PROUD. BE AMICALE.
BE YELLOW. BE PURPLE. BE STEEEEESEL! 💜💛

E Sonnde steet fir eis Hären e spannenden Nord-Duell an der LBBL Enovos League um Programm. Eis Jonge reesen op Ettelbréck, wou si op Etzella Ettelbréck treffen.

 
An esou engem Nord-Duell ass ëmmer vill Intensitéit am Spill, an eis Jongen si bereet alles um Terrain ze loossen. Mat Teamgeescht, Energie an der Ënnerstëtzung vun eise Fans wëlle mir dëse Match fir eis entscheeden.

Mir brauchen IECH och auswäerts!
Kommt op Ettelbréck a suergt fir Steeseler Atmosphär! 🔥

Etzella Ettelbréck 🆚 Amicale Steesel
📍 Ettelbréck
🕠 Sonnden – 17h30

Kommt alleguer laanscht a feiert eis Jongen un!

3………..2……………1.……………… STEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEEESEL!!! 📣