Et ass eng grouss Traditioun…. d’Äppelfester um Steeseler Bierg organiséiert vum Supporterclub “Les Amis de l’Amicale”.
Dëst Joer wei gewinnt och nees 3 Weekender laang an dat ëmmer Samschdes a Sonndes vun 10h00 bis 18h00 Auer.

De Weekend vum 21. an 22. September 2024
De Weekend vum 28. an 29. September 2024
De Weekend vum 5. a 6. Oktober 2024

Kommt bis laanscht op e gudde Patt an een deftege Maufel a genéisst och déi vill Spezialitéiten déi ëm d’Steeseler Äppel ugebuede ginn.

Net ze verpassen… deen exzellente “Steeseler Viz” deen op der Plaz gemaach gëtt an natierlech déi wonnerbar Äppelbeignets.

De Supporterclub vum Steeseler Basket freet sech op äre Besuch.

Bei dëser Geleeënheet profitéiere mir Iech och ze annoncéieren dass de Supporterclub Freides den 20. a Samschdes den 21. September beim Cactus zu Bäreldeng e Stand mat Comptoir, Grill, Eisekuchen an och Steeseler Viz huet.