Dës Woch stinn zwee wichteg Coupematcher um Programm vun eiser Amicale Steesel! Do or Die also….!
Eis Dammen an eis Häre kämpfen ëm d’Weiderkommen an déi nächst Ronn a brauchen dofir och Är Ënnerstëtzung op der Tribün. 💜🏀
🏀 Eis Dammen an der 1/8 Final vun der Lalux Ladies Cup.
E Mëttwoch, den 21. Oktober, trieden eis Dammen um 20h00 zu Stadbriedemes an der Hal Jeannot Bonifas géint d’Musel Pikes un. 
Ënnert der Leedung vum Trainer Alain Schaeffer an eiser Kapitänin Julie Mangen wëll d’Ekipp alles ginn, fir den Ticket fir déi nächst Ronn ze léisen.
🏀 Eis Hären an der 1/8 Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg.
Eis Häre spillen en Donneschdeg, den 22. Oktober um 20h30, doheem zu Steesel géint d’Etzella Ettelbréck.
Och hei geet et ëm den Ticket fir d’Véierelsfinall!
D’Ekipp vum Coach Darko Ristic an Assisant-Coach Sam Welter wäerten alles dru setzen, fir direkt mat 100% an de Match ze fannen a sech géint déi staark Ettelbrécker duerchzesetzen.
💜 Mir brauchen Iech!
Zwee Matcher, zwou grouss Erausfuerderungen an een gemeinsamt Zil!
Kommt eis Dammen an Hären ënnerstëtzen, maacht Stëmmung a weist, wat eis Amicale ausmécht!
All Ënnerstëtzung zielt, an zesumme kënne mir eis Ekippë bei dëse wichtege Coupe-Matcher no vir dreiwen.
3… 2… 1… STEESEL! 🏀💜