28/04/2026
No der Néierlag an der 1. Halleffinall leschte Sonndeg an den Däichwise stinn eis Jongen elo fir déi 2. Halleffinall mam Réck zur Mauer an d’Devise ass nees ganz einfach…. DO OR DIE……
Dësen Donneschden, den 30. Abrëll um 20h00 heescht et ….GAME 2 an dëser Best of Three Serie zu Steesel an der Hal Alain Marchetti.
Ab 18h00 starte mir mat engem After Work mat DJ Musek, Barbecue an Drinks an dëse Pré-Feierdag eran an.
TOGETHER dat ass de Motto fir dëse Match… Steeseler Supporter mir brauchen Iech Alleguer fir eis Jungs nees als 6ten Mann unzefeieren.
Nëmmen ZESUMMEN areeche mer villes!
Dresscode: Mauve-Giel!
Let’s GO GUYS!
Let’s GO STEEEEEEEEESEL!!!!

