18/04/2026
D’Annonce oder besser gesot d’Richtung fir haut den Owend ass séier gemaach. Den drëtten an decisive Match an der Véirelsfinall vum Playoff steet haut um Rendez-vous.
Géigner ass keen anere wei de Basket Esch.
Rendez-vous haut den Owend um 19.00 Auer zu Steesel an der Hal Alain Marchetti.
Steeseler Supporter haut ass et un Iech, dir sidd haut de 6ten Mann um Terrain.
D’Jonge vum Coach Daniel Brandao brauchen Iech, si brauchen är Stëmm an är Ënnerstëtzung!
Haut Zielt et.
Ab 17:45 gëtt dobausse virun der Hal gegrillt an natierlech och déi beschte Fritten.
Kommt Alleguer an d’Hal!
3…………2………….1………….. STEEEEEEEEESEL

